Deng eegen Idee!

Beim Concours ass et eis wichteg dass du dir selwer eng Idee sichs déi dir gefält.

Dat kann eng Fro sinn déi dech schonn laang beschäftegt, eppes wat s du entwécklen oder eventuell eppes wat s du beweise wëlls.

Haaptsaach ass dat et dech passionéiert. 

Hei sinn eng puer Beispiller vun verschidden Beräicher déi dech vläit interesséieren:

Ëmwelt an Nohaltegkeet

Klimawandel, erneierbar Energie, Ëmweltverschmotzung, Elektroautos, dat sinn alles Méiglechkeeten wou een dorunner tüftelen kann.

Informatik an Technik 

Op et elo een 3D Printer ass oder eng iPhone App, oder éischter an der Robotik, du kanns maachen wat s du wëlls.

Chimie an Physik

Natierlech kanns du och eng Aarbecht an den aneren Naturwëssenschaften schreiwen.

All Beräicher eegnen sech fir eng wëssenschaftlech Studie! Vun der Astronomie bis Zoologie iwwer Musek an Molerei, vun der Biologie bis Ökologie iwwer Chimie an Physik, vun der Informatik bis Soziologie iwwer Gesondheet an Literatur…