D’Milset Expo Sciences International ass een net kompetitiven Evenement den all zweet Joer an engem aneren Land stattfënnt. Eng Woch laang haten Jonker, tëschent 12 an 25 Joer aus iwwer 60 Länner, d’Geléigenheet hier Wëssenschaftlech Aarbechten mat 1500 aner Participanten virzestellen,an un Workshopen oder Konferenzen deelzehuelen.

D’Lëtzebuerger Equipe (Noe Wolter an Luca Mathias) haten beim Concours Jonk Fuerscher den ESI 2013 Präis gewonn.

Mir soen dem Rotary Club Esch-Bassin Minier en ganz grousse Merci dat si mat hirer grousszügeger Ënnerstëtzung d’Participatioun bei der Expo Science International erméiglecht hunn.